L’Agenda des visites 2020 est disponible

Le Musée national d’histoire et d’art et le Musée 3 Eechelen ont renouvelé pour la 10 fois la collaboration des « promenades architecturales ». Le programme  2020 est disponible dans les musées luxembourgeois ainsi qu’au Luxembourg City Tourist Office, place Guillaume II à Luxembourg.

Museomag N°1 2020 (Januar-Mäerz)

De Visites guidées-Programm “Promenades architecturales du dimanche”, organiséiert vum M3E an Zesummenaarbecht mat der Société Luxembourgeoise d’Histoire Urbaine, geet elo a seng 10. Editioun. D’Simone Feis huet dem Här Robert L. Philippart e puer Froen dozou gestallt.

– Dir maacht elo scho laang Visitte fir den M3E, zanter wéini besteet dës Zesummenaarbecht a wéi koum se zustan ?

Dës Zesummenarbecht huet 2009 ugefaang a féiert op d’Iddee fir eng Ausstellung am M3Eechelen iwwert den Démantèlement vun der Festung zeréck. Fir mech ass et wichteg mat de Leit op den Terrain ze goën, fir ze gesinn wéi eng Stad sech entwéckelt, an ze verstoën firwat se sech esou verännert.

Wéi gëtt de villfältege Programm ausgeschafft ?

All Joer sëtzen den Här François Reinert, Dir an ech sech zesumme fir Bilan ze zéien, watfir Visiten dee meeschten Intressi fannen. Gekukkt gëtt och watfir Ausstellungen am M3E geplangt sinn a watfir eng nei Visiten dozou passen. All Visite ass nëmmen ee Mol d’Joer, dat nächst Joer gëtt se an enger anerer Sprooch widderholl. All Joër kommen 3 nei Visiten derbei, an 3 gin der aus dem Programm geholl, sou datt mer bei 1Visite pro Mount bleiwen.

Wat ass d’Plus-value fir mat enger Institutioun wéi dem M3E zesummen ze schaffen ?

Als Dokter an der Geschicht ass et mir wichteg mam M 3 E zesummenzeschaffen, well ech esou engem héig intresséierte a motivéierte Public kann d’Informatiounen vu ménge Recherchen direkt vermëttelen. Ech sin a Kontakt mat Leit déi méng Passioun vun der Geschicht vun onser Stad deelen.

Et huelen ëmmer vill Leit un de Visitten deel. Ass de Public éischter gemëscht oder schwätzt Dir gären e bestëmmte Public un ?

Déi Leit déi mat ginn hun all en commun den Intérêt vun der Geschicht vun onser Stad. Hinnen all geet et drëm fir ze verstoën wéi de Changement am städtesche Raum fonctionnéiert. De Public ass deemno gemëscht, méi jonk, mol méi al, Lëtzebuerger an auslännesch Bierger déi hei wunnen, an hir Emwelt wëlle verstoen.

Wéi gesitt Dir déi momentan urbanistesch Entwécklung vun der Stad ?

Eng Stad ass en organeschen Tissu dee sech ëmmer nees erneiert. Mir sin eng Stad mat enger Dynamik déi un d’Période vun der Stadöffnung vun 1867 zeréckdenken deet. D’Alstad a Festung hun en internationalen UNESCO Schutz, erleng an dëser Zone si 77 Gebeier als Monument national classéiert oder sinn um Inventaire supplémentaire ageschriwwen. De Plan d’aménagement général vun der Stad steet fir e koherenten Ensemble-Schutz déi jiderengem Sëcherhet gëtt. D’Stadentwécklung ass ass a klore Bunnen définéiert. All Bauperiod gehéiert zu der Geschicht vun der Stad.

Wat ass Är perséinlech Lieblingsplaz an der Stad?

En Stad ass eng „Succession de tableaux pittoresques“, dofir ginn et fir mech vill Plaazen an der Stad déi flott sinn. Grad dës Multitude mécht eng Stad spannend.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *